Formatioun Animateur Brevet A
De Brevet A soll déi Jonk drop preparéieren Kanner oder Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit (ouni Iwwernuechtung) an ënner Opsicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantwortleche bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen. Am festgeluechten a zäitlech begrenzte Programm plangt a leet den Animateur eegestänneg eng bestëmmten Aufgab.
Programm:
D’Ausbildung besteet aus 30 Stonnen Theorie (vum 5. bis den 8. Abrëll 2022) an 20 Stonne Stage, déi zu engem spéideren Zäitpunkt am Jugendberäich mussen absolvéiert ginn.
Am Mëttelpunkt vun dëser Ausbildung stinn:
Typesch Asazplazen:
Eckdaten:
-> 05.04.2022 - 08.04.2022
-> Treffpunkt um 8.00 zu Beefort bei der Jugendherberg (55, route de Dillingen. L-6315 Beaufort)
-> Participatioun: 100€
-> mat 3 obligatoreschen Iwwernuechtungen an der Jugendherberg

- Grondkenntnisser vun der Risikopräventioun
- Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen
- Verantwortung vum Betreiungspersonal
Typesch Asazplazen:
- Fräizäitaktivitéite wärend der Summervakanz, déi vun de Gemengen oder Maison Relais organiséiert ginn.
- Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, sief dat an de Vakanzen oder Weekends.